Wiel fir all Kand
Walen 2023
Walen 2023
2023 ass e Superwaljoer zu Lëtzebuerg: Am Juni hunn d’Gemengewale stattfonnt an am Oktober sinn d’Chamberwalen. Dobäi geet et och em d’Zukunft vun de Kanner an de Jonken. Obwuel si ganzer 19% vun der Bevëlkerung ausmaachen, kënne si awer nach net wielen. Loosst eis hir Meenung bei de Walen a bei de Regierungsentscheedunge respektéieren! Gëff hinnen eng Stëmm – wiel fir all Kand!
Fir déi nächst Legislaturperiod gesi mir 9 Prioritéite fir e kannerfrëndlecht a kandsgerecht Lëtzebuerg.
D’Recommandatiounen, déi mir als UNICEF am Kader vun de Walen 2023 un déi politesch Parteien hei am Land hunn, goufen an engem Manifest festgehal. Heira gëtt engersäits déi aktuell Situatioun vun de Kanner a Jugendlechen zu Lëtzebuerg beschriwwen. Anerersäits maache mir och konkret Léisungsvirschléi, wéi een déi verschidde Problemer an Erausfuerderungen, mat deenen d’Kanner konfrontéiert sinn, ugoe kann.
D’Recommandatiounen un d’Politik berouen op eiser laangjäreger Erfarung am Beräich vun de Kannerrechter. Ausserdeem sinn d’Prioritéite vun der Bevëlkerung an eist Manifest mat agefloss.
An Zesummenaarbecht mat engem professionellen Institut fir Sondagen hu mir Ufank 2023 eng representativ Ëmfro ënnert der Lëtzebuerger Bevëlkerung gemaach. D’Äntwerte vun de Participanten hu mir uschléissend bei der Formuléierung vun eise Fuerderungen un d’Politik berücksichtegt.
Selbstverständlech huet eis och de Jonken hir Meenung interesséiert – ëmmerhi geet et em hir Zukunft. Dofir gouf et nieft der representativer Ëmfro ënnert Erwuessenen och eng Online-Ëmfro. A Form vu Multiple-Choice konnten déi 436 Jugendlecher tëscht 13 a 17 Joer weisen, wéi eng Themen hinne besonnesch um Häerze leien. Sou goufen hir Prioritéiten däitlech: 254 Participanten hunn zum Beispill uginn, dass Klima an Ëmwelt souwéi mental Gesondheet méi Opmierksamkeet kréie sollten.
Dëst Dokument enthält d’Positiounen a Virschléi vun de verschiddene politesche Parteien, déi aktuell an der Chamber vertruede sinn, als Äntwert op e Questionnaire, dee si geschéckt kruten. D’Parteie sinn an alphabetescher Reiefolleg opgelëscht an all Äntwerte goufen reproduzéiert wéi mir se kruten, ouni datt se geännert, korrigéiert oder gekierzt goufen.
5.Oktober 2023
De Paul Heber (Chief Communication, UNICEF Lëtzebuerg), war zesumme mam Carole Reckinger (Caritas) beim Ines & Liz (Luxemburger Wort) fir iwwert d’Kanner bei de Chamberwalen ze schwätzen.
6. Juni 2023
D’Hannah an d’Marie, Youth Ambassadors, ware beim Eldoradio, fir iwwert d’Walen ze schwätzen. Si kënnen zwar nach net wielen, mee hunn awer Fuerderungen a Wënsch – schliisslech geet et em hir Zukunft.
26. Mee 2023
D’Franklin an d’Joy, zwee vun eise Jugendambassadricen waren als Gäscht an der Sendung « Home Stretch with Melissa Dalton » op RTL Today Radio invitéiert. Si hunn iwwer d’Campagne geschwat an en Appel gemaach fir nei Jugendambassadeuren ze rekrutéieren.
12. Mee 2023
Den Télécran huet en Interview mat zwee vun eise Youth Ambassadors gemaach, dem Laly a dem Philipp fir hier Meenung zu dem Superwaljoer ze kréien.
8. Mee 2023
Mir waren beim Natasha Ehrmann vum Radio 100,7 fir iwwert eis Kampagne ze schwätzen. Niewent de Kannerrechter am allgemengen, ass et haaptsächlech iwwert eis néng Prioritéite fir e kannerfrëndlecht a kandgerecht Lëtzebuerg an der nächster Legislaturperiod gaangen.
30. Mäerz 2023
Mir wollte vun eise Youth Ambassadors wëssen, ob si mat den Usiichten vun den Erwuessenen averstane sinn. Dofir hu mir hinnen d’Méiglechkeet ginn, op d’Äntwerten, Prioritéiten a Fuerderungen, déi sech aus eiser repräsentativer Ëmfro erginn hunn, ze reagéieren. Sou konnte si hiere Standpunkt duerleeën an och Kritik äusseren. Wat si zu de Meenunge vun den Erwuessenen ze soen hunn an a wéi enge Punkte sech hier Meenungen ënnerscheeden, kanns du dir an dësem Video ukucken.
4. Mäerz 2023
Bei eisem City Café bei eis am UNICEF-Haus konnten eis Youth Ambassadors, stellvertriedend fir hir Generatioun, sech mat Vetrieder vun de verschiddene politesche Parteien austauschen. Wéi eng Themen de Jonke wichteg sinn, hu mir duerch d’Online-Ëmfro erausfonnt, déi am Virfeld lancéiert gouf. Déi 4 meeschtgenannten Themen, mental Gesondheet, Bildung, Ëmwelt a Schutz viru Gewalt a Mobbing, goufen da wärend dem City Café opgegraff an ausféierlech diskutéiert. Dobäi stoungen d’Erausfuerderungen gradewéi méiglech Léisungen am Mëttelpunkt.